Bad start, nice finish
Als
Autogrammsammler hun ech mer emmer gesoot, et wier e riesegen Pech, dass ech
géif zu Lëtzebuerg wunnen, wou een jo bal keng Staren selwer begéint fir den
Autogramm selwer ze kréien. Haut sin ech mer awer secher, dass ech ka frou sin,
dass ech net hei wunnen, wou een nobai kënnt an awer net richteg baikënnt, fir
déi eng oder aner Ennerschrëft ze kréien. anneLange Rede, kurzer Sinn : géif ech hei wunnen, hätt ech d’Sammelen
scho laang opgin. De Moien si mer vun Fort Myers op Sarasota gefuer, direkt an
d’Bee Ridge Road, an der d’Monica Seles wunnt. Virun der Bréifboîte mat sénger
Hausnummer, an der och schon emol e Bréiw vu mir luch, deen bis haut na net
beäntfert gin ass, stung en Haischen, lénks dovun eng Barrière an nach méi e
klengt Haischen mat engem Guard dran. Am méi groussen Haischen haaten se
d’Geschicht, d’Seles hätt en Haus do, mee wier de gréissten Deel vum Joër net
do. Am méi klengen Haischen huet de Guard gesoot et géif do an der Strooss, déi
duerch d’Barrière net zougänglech war, wunnen, an et wier och doheem, mee méi
dierft hien eis net soen. Dunn hu mer d’Foto alt nees agepaakt an sin e bessen
duerch Sarasota gefuer, wou et ausser dem Ringling Museum net vill ze kucken
gëtt. Dono huet eisen Trip eis op Bradenton gefouert, wou et laut eisem „Travel
Guide“ ausser der IMG Nick Bollettieri Tennis Academy wierklech naischt ze
kucken gëtt. Daat blöd ass just, dass een d’Tennisschoul och net ka kucken
goen, ouni eng Tour ze maachen. Mir hätten jo och nach eng Tour matgemaach, mee
wann se deen Dag keng méi hun – daat schon um 12 h - haat
een eben Pech. America, are you serious? Schlëmmer hätt den Dag also scho bal
net méi kënnen gin. Gott sei Dank hu mer dunn am Dolphin Beach Resort zu St.
Pete Beach bei St. Petersburg en Zëmmer kritt, aus deem ech dunn vun den
Aarbechten an „smaller Problems“ vun Hassel gezielt kruut. Fir den Dag dann
dach nach verséinlech ofzeschléissen, si mer op Madeira Beach gefuer, vu wou
mer mat engem Boot, an deem manner
wéi 20 Leit waren, erausgefuer sin an an 1 ½ Stonn zimlech vill Dolphins gesin
hun. Op Kuba war et flott fir mat hinnen ze schwammen, mee se frai ze gesin ass
wahrscheinlech nach méi schéin, well et méi onberechenbar ass. Leider huet een
dann schnell och de Moment verpasst, fir déi richteg Foto ze maan an wann dann
och nach een vun de Gesellen mengt, en misst just virum Boot an d’Luut sprangen
an eng Art Salto maan, dann ass daat eppes waat een, ausser a sénger Mémoire,
souwiesou net richteg festhaalen kann. Soit, et war super flott! Als Ofschloss
hu mer hei zu St. Pete Beach dunn nach eng Premiere gefeiert. Fir déi éischte
Kéier waren mer am Gulf of Mexico. D’Waasser do war esou waarm, wéi nach a
kengem Mier, an deem mer virdrun waren. Fir eis ofzekillen, wollten mer dunn an
deen herrlechen Hotel-Pool, et war just eppes domm gaang, well deen war nach
méi waarm wéi d’Mier ;)
Muer féiert déi wuel virleschten Etapp eis op Tampa, de Rescht mussen mer nach kucken ;)
Biller:
Daat eenzegt waat mer ze gesin kruuten ...
Een vun villen, deen hei war net grad esou schnell wéi déi aner ;)