Canalblog
Editer l'article Suivre ce blog Administration + Créer mon blog
Publicité
Florida 2008
25 août 2008

Séistären, Waasser-Deckelsmoucken an Pompjeen

E Freiden war hei eng méi lass wéinst dem Stuerm. Vill Leit haaten Problemer, well hier Haiser iwwerschwemmt waren, bei eis koum d’Waasser (just) zum Kichebuedem erop. De Steen huet d’Waasser opgesaugt an erabruecht. Am Nomëtteg koumen nach e puer Tornado Warnings, déi awer hei emsoss waren, uff. Wéi mer Owes dunn bei Kollegen vum Alice a vum Buff iessen gefuer sin, hu mer gesin, waat ennerwee alles beschiedegt gi war. Beem waren futti, Schëlder luchen em an beim Noper ass den Daach net méi ganz. Mir haaten also nach emol Chance ….
D’Chloe war Moies vum Doc ofgeholl gin an kruut Sprëtzen an mëttlerweil geet et him erem ganz gudd ;)
Geschter hu mer d’Miwwelen, déi mer während dem Stuerm erageholl haaten, erem dobaussen opgestallt. Dono si mer nach emol op St-Augustine an d’Outleten gefuer a wéi mer eremkoumen, waren d’Alice an de Buff och vun NY zréck. Um Strand hu mer ausser Tonnen Muschelen nach schéi Séistären gesin. Net sou flott war et, eng kleng Waasser-Deckelsmouck ze gesin, déi de Stuerm net iwwerliewt haat.
Haut waren mer op Downtown Jacksonville.
Ausser e puer flotten Bank-Buildingen gouf et net vill ze gesin, dofir si mer dunn nach den Alltel Stadium an de Baseball Stadion, an deen mer muer e Match kucken gin, kucke gaang.
En Densden huet d’Vakanz leider en Enn an dann mussen mer zréck kommen an daat Land, an deem d’Pompjeen mussen d’Leit vun de Spiller huelen ;)

IMG_2595

Downtown

IMG_2587

Um Strand fonnt

IMG_2581

bad luck

Publicité
Publicité
Commentaires
P
Dan kommt gudd zreck an dat sonnegt Letzebuerg. An et ass deenen hir éigen Schold wann se mengen se missten op Schueberfouer goen. Kapp héich, Bayern waerten och nach des Saison en match gewannen.
B
So, kanns du eis deen Seistär do matbrengen?? :-) (klengen Joke)
Haaptsaach et as ierch neischt geschitt...
Hei get et och net vill neits, ausser dem Petz seng Frisur (Irokese)
Ech hun gescht nach geschafft, an ab haut Congé (Juchu).
Allez maer gesin eis dann speitens en Samsden, wann Bayern vlait och mol eng Keier en Match gewennt :-)
boy&mim
Florida 2008
Publicité
Publicité