Naples, Sanibel Island and Fort Myers
Mir hun eis op eisem Roundtrip vun Florida City Richtung Fort Myers op de Wee gemaach. Eischt Statioun war Naples, wou et net allzevill ze kucken gouf. Et ass eng bessen méi nobel Stad. Dono sin mer op Sanibel Island gefuer, eng Insel mat villen Muschelen, op der et awer opgrond vun extremer Hëtzt nëmmen schwéier auszehaalen war. Dës Island kann een och als Insel vun den geeschtraichen Sprëch bezeechnen, wou liest een soss schon "she sells sea shells" oder "leave nothing on the beach but your footprints". Weider op eiser Tour ass et op Fort Myers gaang, wou mer elo am Zëmmer 128 vum Hampton Inn zu Fort Myers Beach sëtzen.
Den Owend hu mer am Restaurant Snug Harbor zu Fort Myers selwer giess. Mat Vue op den Hafen an engem genialen Sonnenennergang hu mer eis mat den riesegen Portiounen ronderemgeploot. Ech wees, dass déi meescht, déi daat hei liesen eis elo bedaueren :)
@Mike: den **** Navi huet dem Larry séng Stroos net kannt, dofir konnt ech och net schellen goen, mee muer waard schon den nächsten Versuch, wann mer zu Sarasota probéiren d'Joffer Monica Seles ze treffen.
@Pascal: bis elo hu mer ronn 2091 km an enger Woch hannert eis, wann also een emol wëll a Florida kommen, kann en d'Sté als Guide vun der Interstate 95 matbréngen ;) E schéine Bonjuer an virun allem en décke Merci un déi Leit, déi sou eifreg an eisem Gaard an Haus schaffen. Keep up the good work guys, you have still a plenty of time until we return ;)
Sou hei sin nach e puer Biller an dann gëtt geschloof, well mer muer Richtung St. Petersburg (nee Pascal, net a Russland) fueren:
Naples
Um Wee fir op Sanibel Island, op deem een Tonnen Toll (Péage) huet missten bezuelen
Daat do ass guer net schéin :)
Baal wéi doheem