Canalblog
Suivre ce blog Administration + Créer mon blog

Florida 2008

25 août 2008

Séistären, Waasser-Deckelsmoucken an Pompjeen

E Freiden war hei eng méi lass wéinst dem Stuerm. Vill Leit haaten Problemer, well hier Haiser iwwerschwemmt waren, bei eis koum d’Waasser (just) zum Kichebuedem erop. De Steen huet d’Waasser opgesaugt an erabruecht. Am Nomëtteg koumen nach e puer Tornado Warnings, déi awer hei emsoss waren, uff. Wéi mer Owes dunn bei Kollegen vum Alice a vum Buff iessen gefuer sin, hu mer gesin, waat ennerwee alles beschiedegt gi war. Beem waren futti, Schëlder luchen em an beim Noper ass den Daach net méi ganz. Mir haaten also nach emol Chance ….
D’Chloe war Moies vum Doc ofgeholl gin an kruut Sprëtzen an mëttlerweil geet et him erem ganz gudd ;)
Geschter hu mer d’Miwwelen, déi mer während dem Stuerm erageholl haaten, erem dobaussen opgestallt. Dono si mer nach emol op St-Augustine an d’Outleten gefuer a wéi mer eremkoumen, waren d’Alice an de Buff och vun NY zréck. Um Strand hu mer ausser Tonnen Muschelen nach schéi Séistären gesin. Net sou flott war et, eng kleng Waasser-Deckelsmouck ze gesin, déi de Stuerm net iwwerliewt haat.
Haut waren mer op Downtown Jacksonville.
Ausser e puer flotten Bank-Buildingen gouf et net vill ze gesin, dofir si mer dunn nach den Alltel Stadium an de Baseball Stadion, an deen mer muer e Match kucken gin, kucke gaang.
En Densden huet d’Vakanz leider en Enn an dann mussen mer zréck kommen an daat Land, an deem d’Pompjeen mussen d’Leit vun de Spiller huelen ;)

IMG_2595

Downtown

IMG_2587

Um Strand fonnt

IMG_2581

bad luck

 

Publicité
Publicité
22 août 2008

Heftegen Stuerm an aarmt Chloe

De Stuerm hei ass an den leschten Stonnen méi hefteg gin. Mir hun elo bal all d'Miwwelen erageholl, well ier mir se geréckelt haaten, huet de Stuerm se geréckelt. D'Garagendier kruut een bal net op, well de Wand dogéintgedréckt huet an wann een se dann wollt zoumaan, war daat och net grad einfach. Eng Frëndin vum Alice, déi kucken komm ass op mer keng Angscht hätten :) , an den Déirendokter, deen nom Chloe kucken komm ass, waren erféiert, wéi se gesin hun, wéieng Héicht d'Wellen haaten an wéi no d'Mier zum Gaard war. Fir d'Hënn ass et net einfach fir am Moment hier Besoinen ze maachen, well esouvill Loft ass, dass hinnen d'Oueren déi ganzen Zait em d'Aan fléien ;) Domm ass et, wann et Leit gin, déi sou Situatiounen notzen wëllen, fir op sech opmierksam ze maachen. En Meedchen, daat trotz dueblem rouden Fändel zu Jax Beach an d'Mier schwammen gaang ass, huet daat mat séngem Liewen bezuelt. (http://www.firstcoastnews.com/news/topstories/news-article.aspx?storyid=116992&catid=15)

Dem Chloe geet et am Moment net sou gudd. Den Doc mengt et wier, well d'Mama Alice him géif fehlen ;) (Fraleit sin eben méi unhänglech) Muer de Moien kënnt den Doc hatt sichen an dann schléift et eng Nuecht bei him, just als Préventioun.

IMG_2541

Héich Wellen

IMG_2554

Décke Wand

http://kev.basketnews.lu/MVI_2552.AVI

Do fannt der e Video vun den impressionanten Wellen. De Video ass vu bannen opgeholl, well baussen behält een den Apparat bal net am Grapp. (et dauert bis e ganz gelueden ass, en ass grouss)

Fir all weider News: www.firstcoastnews.com

21 août 2008

De Stuerm ass do!

De Stuerm ass elo zu Ponte Vedra Beach ukomm. Geschter hu mer d'Gaardemiwwel sou gudd et gaang ass eragestallt. E puer Saachen hu mer baussen stoen geloos. De Wand huet se awer geréckelt, wéi der op de Fotoen gesidd. Et ass zimlech vill Loft, et reent hefteg an d'Mier huet bal de ganzen Strand ageholl. Mir waren d'ganz Nuecht op, net wéinst dem Stuerm, mee wéinst dem Chloe. D'Misses huet eppes waat em op de Mo geschlo ass :(

IMG_2484

Do war nach gudd Wieder an dem Chloe sai Mo nach an der Rei :)

IMG_2537

The storm

IMG_2538

The storm II

19 août 2008

Charleston an next days

Mir waren vun e Sonnden op haut zu Charleston, South Carolina. Et ass eng ganz schéi Stad, an der nach vill aal Haiser stin an wou een awer och flott Geschäfter an e Maart gesait. Geschter huet et do ugefaangen mat reenen, op eng Art a Weis, wéi mir se bis elo nach net gesin hun. Dir kënnt Iech jo selwer ënnen op der Foto iwwerzeegen. D'Leit hun d'Schong ausgedo fir duerch d'Waasser ze goen an hu missten oppassen, dass se net vum Waasser, daat vun den Autoen op d'Sait geschleidert gin ass, getraff gi sin. Den Hotel (Ansonborough Inn), deen d'Alice eis gebucht haat, war speziell, awer ganz flott. Déi next Deeg sin d'Alice an de Buff fort an dann passen mer op déi 2 Hënn op.

IMG_2298

Chloe

IMG_2302

Max

IMG_2354

Méiw mam neien Objektiv geknipst

IMG_2422

Charleston

IMG_2466

Et haat e bessen gereent zu Charleston

IMG_2467

Lecker Schampes am Hotel kritt fir eisen Honeymoon;)

19 août 2008

It's all about sports

Schreiwen mer hei emol e Beitrag nëmmen zum Sport. Ugefaang mat den olympeschen Spiller, wou een Sportler sech zum Pe-King (kënnt vun engem daitschen Boulevardblad) gekréint huet. Et ass enorm waat de Michael Phelps geleescht huet an et huet Spaas gemaach, him a séngen Coursen nozekucken. Ween mengt mir hätten hei an Amerika vlait méi dovun matkritt, wéi hien zum Held gin ass, huet sech getäuscht. Hei si vill Leit deenen Olympia ganz egal ass an déi dem Phelps sain Triumphzug net verfollegt hun.
Fir bei Olympia ze bleiwen: Deemnächst gesi mer jo och eng Championne zu Lëtzebuerg, well am Oktober wäert mam Elena Dementieva jo och eng Gewënnerin vun enger Goldmedaille un de Fortis Championships deelhuelen. Ganz witzeg story iwwregens vun Charleston: et huet e Mann eis gefroot vu wou mer kéimen an wéi hien Lëtzebuerg héiren huet, soot en eis, en hätt eng Frëndin, daat fir Lëtzebuerg Basketball op den olympeschen Spiller gespillt hätt ....

Zum Bundesliga-Start: all déi, déi sech gefreet hun, dass den éischten Match vun der Saison mat engem Glaichspill op en Enn gaang ass, wäerten um Enn vun der Saison erem kraischen, wann se beim Fernseh sëtzen an d'Biller vum Marienplatz gesin, wou d'Schuel de Fans nees wäert gewisen gin :)

BIG DAY: E Samsden war ech main éischten American-Football-Match kucken.  D'Jacksonville Jaguars hun  mat 14:19 géint d'Miami Dolphins verluer. Dobei stung et 0:19 an dunn hun d'Jaguars mat 2 Touchdownen plus Kick awer nach Punkten gesammelt. Et war immens flott fir daat emol ze gesin an ech haalen elo en Aan op d'NFL ;)

IMG_2381

Jacksonville Jaguars

IMG_2373

Miami Dolphins

Publicité
Publicité
15 août 2008

Kino, Golf, American Football ...

Geschter huet et gereent, dunn waren mer mam Buff an de Kino den Tropic Thunder kucken, deen geschter erauskomm ass. De Ben Stiller huet mech alt nees eng Kéier zum Laachen bruecht ;) Méi spéit am Dag si mer nach dem Lynn séng Commande an nei Lecture kaafen gaang, sou dass mer eis Raclette och wéi op der Hochzait versprach kréien ;) Soss war et geschter éischter roueg dës Sait vum Pull ;)
Haut de Moien war ech mam Buff op de Golfterrain. Während hien mat 2 Kollegen gespillt huet, hun ech Fotoen gemaach an hien am Golf Car vun Lach zu Lach gefouert ;) Et war richteg flott, d'Golfspill emol esou no ze gesin. Leider huet d'Wierder et net erlaabt, dass sie konnten 18 Lächer spillen an esou war et éischter wéi geplangt fäerdeg. De Mëtten sin mer nach duerch e puer Geschäfter getrëppelt an endlech hun ech och déi 2 Magazinen mat den Tennisspillerinnen dran fonnt, déi ech sait den éischten Deeg hei gesicht hun. Jo Sarah, ech hun och een Exemplaire vum Ashley fir dech ;) Waat muer bevirsteet wëssen mer nach net. E Samsden gin ech mam Buff en Frënschaftsmatch vun den American Football Teams Jacksonville Jaguars an Miami Dolphins kucken an e Sonnden fueren d'Sté an ech op Charleston.

Hei nach e puer Biller:

IMG_2267

Vum Kahn bei de McEnroe

IMG_2269

Dem Sté séng aal an nei Lecture

IMG_2262

Lynn, hei ass en ;)

IMG_2278

A nice experience :)

13 août 2008

Rainy and new haircut

Déi lescht Deeg hu mer e bessen eppes fir d'Regeneratioun vum Kierper gemaach an gerascht. Am Buch "Ich - Erfolg kommt von innen", daat ech hei gelies hun, steet  nämlech, dass d'Pausen genau sou wichteg sin wéi d'Aktioun. Mir hun eis daat eben zu Häerz geholl :) Hei reent et am Moment an um TV hun se och Donnerwieder fir de Metten virausgesoot. D'Sté war gëschter bei de Coiffeur, wéi der ennen op de Fotoen gesidd. That's all ;)

IMG_2256

vorher

IMG_2261

nachher

11 août 2008

Jax Beaches an Sté Birthday

Haut haat d'Sté Gebuertsdag an zwar e ganz besonneschen, et war jo deen éischten als Madame Zender ;) Hatt seet Iech villmols Merci fir d'Gebuertsdagswënsch an huet et sech haut hei gudd goen geloos :). Mir waren awer och nach Jacksonville Beach kucken, do war haut um Sonnden viel Betrieb.
@boy: Bayern huet sech weider geziddert, mee Kaiserslautern ass schon eraus, daat nennt een domm gaang :)
@Pascal: Daat mam Fraistouss a leschter Sekonn géint d'USA war jo nach emol Chance, trotzdem geet et mat der do Defense net duer fir eng Medaille :)

10 août 2008

Lescht Etapp

Mir sin de Moien vu Gainesville zréck op Ponte Vedra Beach komm, wou mer elo e bessen relaxen. Ausser am Pool plantschen an Beach Tennis spillen, hu mer net vill opzeweisen haut. Vu que dass an den nächsten Deeg naischt anescht um Programm steet, wäert hei am Blog och wéineg geschéien. Soubaal et rem eppes ze berichten gëtt, fannt der et natierlech hei.

Have fun ;)

9 août 2008

Olympics start, roundtrip ends

Haut war d'Eröffnungsfeier vun den Olympeschen Summerspiller zu Peking, vun der mir hei guer naischt matkruuten. Muer huelen mer hoffentlech an der Veloscourse eng Medaille, waat ech dann och hoffentlech hei matkréien. Eisen Trip ass muer eriwwer, well muer steet déi lescht Etapp vun eiser Rondrees um Programm. Mir sin elo am Comfort Inn zu Gainesville. Wéi si mer dann do geland? Majo ganz einfach: mir sin zu St. Petersburg nach e puer Saachen kucke gaang, dono op Tampa gefuer, wou net vill lass war, an schliesslech hu mer dunn ennerwee décidéiert déi lescht Nuecht (vum Trip) hei ze verbréngen. Et bleiwen eis muer nach 2 Stonnen Autofahrt bis op Ponte Vedra Beach an dann ass nees bessen relaxen ugesoot. Den Trip war ganz flott an mir si frou, dass mer souvill gesin hun. E ganz groussen Merci un déi Leit, déi eis gudd Rotschléi gin hun waat de Sightseeing op verschiddenen Plaatzen betrëfft :) Sou lo gëtt geschloof, dass mer muer a Form sin.
Nach eng Klengegkeet: w.e.g. just nach Smsen schécken an op de Répondeur schwätzen wann et dréngend ass, fir all aner Communicatioun gëtt et jo e Mail, deen kascht vill manner ;)

Hei nach e puer Biller:

IMG_2224

Deen een Pier ass zu Peking, deen aneren zu St. Petersburg

IMG_2237

D'Uni zu Tampa

IMG_2241

Zëmmer 204 am Comfort Inn zu Gainesville

Publicité
Publicité
1 2 3 > >>
Florida 2008
Publicité
Publicité