Canalblog
Editer l'article Suivre ce blog Administration + Créer mon blog
Publicité
Florida 2008
1 août 2008

Second day of our roundtrip

Haut de Moien sin mer an den Zentrum vun Orlando gefuer, wou mer e puer Muséen, vill Banken an d’Amway Arena, an der Orlando Magic spillt, gesin hun. Leider konnt een net an d’Arena eran, déi ech scho gär gesin hätt. Matten an der Stad ass och den Lake Eola, ronderem deen ganz vill Leit spazéiren an laafen. Herrlech ass d’Vue vum Séi op d’Skyline. Luewenswert ass zu Orlando de Bustransport, deen bannen an der Stad op enger gewëssener Streck gratis ass, thumbs up guys. No eisem Zentrum-Sightseeing si mer bessen iwwer den International Drive gefuer an hun nees d’Outleten onsecher gemaach. Wann een hei alles géif kaafen, waat een flott géif fannen an virun allem, waat praiswert ass, dann hätt een doheem Misère fir esou vill Plaatz ze fannen, fir d’Kleeder ennerzebréngen. Ob Tommy Hilfiger, Ralph Lauren, Timberland oder, oder, oder, hei fënnt een alles zu gënschtegen Praisser. Ofgeschloss hu mer den Owend mat engem Iessen am Hooters, deen net wait vun eisem Hotel ewech ass. Muer steet en Trip op Cocoa Beach um Programm, wou mer hoffentlech nach en frait Zëmmer fannen.

Den Internet hei am Hotel ass sch... dofir kommen mei Fotoen, wann mer muer hoffentlech wireless hun, deen fonktionneiert, an ech mai Laptop ka benotzen ;)

D'Haal wou Orlando Magic dra spillt

IMG_1744

Och daat ass Konscht

IMG_1736

Hei soll een sech net mat de Mosquitos uleen

IMG_1733

Publicité
Publicité
Commentaires
Florida 2008
Publicité
Publicité