St-Augustine and Shopping day
Haut waren mer déi eelsten amerikanesch Stad, St-Augustine, kucken. D'Stad ass am alen Look gehaal gin an ass super schéin.
Dono sin mer an 2 Outlet-Centren gaang an wéi géifen se hei soen: "it was a good day". Mir hun just déi Saachen kaaf, wou mer eis schon zu Lëtzebuerg gesoot hun, daat do kaafen mer an de States (Auer, Boxershorts, Socks etc.) an hun sou 190 Dollar investéiert, daat entsprëcht 120 Euro. Daat kléngt vlait vill op den éischten Bléck, mee hei ass eis "Beute":
1 Puer Tommy-Hilfiger-Flip-Flops
1 Fossil-Auer
6 Puer Nike-Socks
1 Timberland-Sweatjacket
1 Timberland-Polo
1 Vans-Mutz
3 Nautica-Boxershorts
1 Nautica-Schwammbox
1 Aéropostale-Jacket
Spéider am Freshmarket hu mer festgestallt, dass et hei souguer Strongbow gëtt. Nee, mir hu keen kaaf :)
An hei nach e puer Fotoen:
D'Schoul zu St-Augustine
Strooss zu St-Augustine
Speziell fir de Pascal, en Faas vun Heineken :)